De François Bausch mécht Politik mat Artikelen aus dem Guardian

Als Reaktioun op mäi Fräie Mikro um Radio 100,7 äntwert den Transportminister François Bausch relativ nervös op Twitter. Fillt hie sech vun der Realitéit an den Eck gedrängt?

Lëtzebuerg huet jo de Virdeel dass een seng gewielte Vertrieder einfach areeche kann. Ech konnt dofir dem Transportminister Bausch mäi Fräie Mikro um Radio 100,7 net entgoe loossen:

Wouropshin de François Bausch folgendes geäntwert huet:

Besonnesch de Choix vum Guardian ass interessant. Wien dës Publikatioun (déi an hirer politescher Orientéierung mat der franséischer Libération ze vergläichen ass) sou duerchkuckt dee kritt effektiv d’Gefill dass Uber versicht hier Clientèle a Chauffeuren ze arnaquéieren, a besser nach, ëmzebréngen (mat Autoen ouni Pilot). Iwwer 500 Artikelen huet de Guardian zu Uber online, dozou och vill Commentairen. Hei eng kleng (iwwersaten) Auswiel:

De Guardian verëffentlecht iwwer dëse Wee bis zu fënnef Anti-Uber Artikelen an der Woch. Eppes ass sécher, mir hunn et hei mat enger Zeitung ze dinn déi eng kloer Agenda verfollegt, an eise Lëtzebuerger Transportminister léisst sech Dag an Dag aus dovun influenzéieren.

800px-the_guardian_building_window_in_london

Här Bausch, ech wees dass dir matliest, dofir geet de Commentaire och un iech: Schalt de Guardian aus a schwätzt emol mat de Leit vun der Entreprise Uber, déi een innovative Service proposéieren. Schwätzt mat de Chauffere vun Uber wann der mat hinne fuert a frot si wéi Uber hinnen duerch Flexibilitéit aus der Precaritéit gehollef huet. Frot déi franséisch Chauffere firwat se Angscht hunn dass d’Taxislobby hinne muer nees hier Aarbechtsplaz ewech hëlt well se aflossräich Politiker mat an d’Boot kruten. Frot de Student deen et sech net leeschte kann zu Lëtzebuerg een Taxi ze huelen. A frot den Aarbechtslosen ouni Schoulofschloss op hie léiwer fir ëmmer doheem sëtze bleift oder léiwer enger éierlecher Aarbecht nogoe wéilt.

Eppes ass sécher: an deenen nächsten 10 bis 15 Joer kommen dausende vu Lëtzebuerger Studenten (déi och wiele ginn) zréck an d’Land, déi Uber an hire Studiestiet kenne geléiert hunn. Op dir dann nach do sidd wees ech net, mee ech erënneren se awer gär drun firwat d’Gesetzer doheem net geännert hunn, a virun allem duerch wien.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s