Wat de Serge Tonnar sech soe loosse muss

De Lëtzebuergesche Kënschtler Serge Tonnar versicht mat sengem neie Lidd “Vollekslidd” den Aarbechter a Gewerkschaftler Mutt ze maache fir géint d’Patronat unzetrieden. Mat ale Stereotyppe huet de Serge Tonnar hei ee Lidd gemaach.

Verstitt mech net falsch, de Serge Tonnar ass ee gudde Lëtzebuerger Kënschtler mat immens gudde Wierker déi d’Lëtzebuerger Musekslandschaft beräichert hunn. No doubt about that. Mee wéi dat bei der Gauche artiste eben esou ass muss een heiansdo och nees emol d’Stammclientèle erfreeën, a wéi géif dat besser goe wéi wann een déi aarm Aarbechter als ausgebeut a mëssbraucht duerstellt?

“Ech loosse mer näischt méi soen”, heescht et am Refrain vum Serge Tonnar. Hei e puer Wourechten déi de Serge Tonnar sech awer muss soe loossen:

D’Economie ass kee Konflikt zwëschen Aarm a Räich

Wat elo wéi ee Strohmann-Argument kléngt ass d’Realitéit: D’Idee dass Aarm a Räich an engem konstante Struewel ëm d’Räichtemer vun dëser Welt stinn ass marxistesch Theorie. De Klassekampf, wéi e vum Marx beschriwwe gëtt, suergt dofir dass déi Räich deenen Aarme Valeur ewech huelen. Dat ass allerdéngs och haut nach den häutege Mainstream-Dogma: Sou steet am Oxfam-Rapport (dee mat senge falschen Zuelen ëmmer nees an der Press zitéiert gëtt) An economy for the 99%:

“Just a handful of men control the wealth of the world. Billions of us take what we can of what’s left of the cake – and it’s getting smaller.”

Näischt kéint méi falsch sinn: D’Weltekonomie ass kee Kuch, bei deem een deem Anere muss d’Stéck ewechhuele fir eppes ze iessen ze hunn. An deene leschte 50 Joer war d’Croissance just eemol negativ (2008), an dat net emol an all Land. Dat bedeit dass de Kuch net méi kleng, mee au contraire, constamment méi grouss gëtt. Kompetitioun um Marché heescht dass Individue Valeur’e schafe fir sech ze beräicheren. Am Beispill: De Schräiner huet kengem eppes ewechgeholl andeems an een neien Dësch gemaach huet. Op dem selwechten Niveau, a nom selwechte Prinzip, huet och IKEA kengem iergendeppes ewech geholl.

An enger statescher Gesellschaft stëmmt d’Idee dass d’Ekonomie ee Verdrängungswettbewerb ass, mee dat ass net dat wat mir an der Praxis erliewen. Mir dierfen eis net mat den Avance vun de Generatioune virun eis zefridde ginn, well dat ass den Doudesstouss fir Leit mat niddregem Akommes: Mat Wuesstem kënnen Individuen sech un hirer Aarbecht beräichere wann se sech genuch investéieren. Ekonomesche Wuesstem ass den Ausdrock vu méi Fräiheet an Opportunitéit. (Méi dozou hei)

Wichteg ass net wien räich ass, mee wéi Aarmut bekämpft gëtt. Um Alldagsliewe vum ArcelorMittal Aarbechter ännert sech näischt op de Bill Gates elo zweemol oder dräimol esou räich ass, mee wat hie maache ka fir seng Liewensqualitéit ze verbesseren. D’Schéier zwëschen Aarm a Räich ka méi grouss ginn obwuel et all Member vun der Gesellschaft besser geet.

Weltwäit Aarmut geet konstant erof

Konträr zu der Intuitioun vun deene meeschte Leit gëtt d’Welt constammant besser: D’Welt ass méi friddlech, huet méi technologesche Fortschrëtt, eng besser Medezin, eis Landwirtschaft gëtt méi effizient, Mënsche gi méi gescheit, an aarm Leit méi räich. Natierlech kritt dir dat Gefill net wann de d’Zeitung opschlot, besonnesch well den Titel “Haut si 40 Millioune Fligere sécher gelant” net immens gutt ukënnt.

Am Joer 1820 hu 94% vun der Weltbevëlkerung mat manner wéi 2 Dollar (haitege Standard mat Inflatioun) pro Dag iwwerlieft. 1990 waren et nach 37%. Haut sinn et manner wéi 10%. Dem Weltbank-Präsident Jim Yong Kim no ass et méiglech dass mir an eiser Liewenszäit, besonnesch duerch de Wirtschaftswuesstem an Afrika, extrem Aarmut komplett kënne lass ginn.

An d’Noriichten sinn net nëmme gutt fir déi Äermst vun deenen Aarmen. Och de klasseschen Aarbechter huet haut méi Fräizäit an huet eng méi grouss economesch Capacitéit. D’Schockelasrull kascht beim Bäcker villäicht elo duebel souvill Lëtzebuerger Frang, mee am Verglach zu viru 50 Joer kann sech all Persoun vill méi Schockelasrulle leeschten. Déi meescht Problemer fir d’Aarbechter vun haut sinn d’Schold vum Staat, dorënner eng Kris um Wunnengsmaart déi duerch ze wéineg Bauterrain’en ausgeléist ass an ee méi luese Wuesstem deen duerch d’Iwwerreguléierung vum Marché entsteet.

D’Verréngerung vun den Aarbechtsstonne kënnt duerch de fräie Marché, net d’Gewerkschaften

Et gëtt déi generell Virstellung bei de Leit dass et de Verdéngscht vun de Gewerkschaften ass dass d’Aarbechtsconditiounen verbessert goufen, dobäi besonneg d’Aaarbechtszäitverréngerung. A mengem Artikel “Op d’35-Stonnen-Woch kënnt décidéiert de Marché, net d’Politik” hunn ech dorop higewisen dass d’Aarbechtszäit nëmmen duerch technologesche Fortschrëtt zeréck gaangen ass. Zum engem sinn a ville Länner ab den 1870’er Joren d’allgemeng Aarbechtszäiten erof gaangen (Huberman and Minns, London School of Economics, 2007, p. 542): den europäeschen Duerchschnëtt war 63 Stonnen am Joer 1870, 56,3 am Joer 1900 an 53,8 Stonnen am Joer 1913 (Huberman, 2002, p. 19). Weder Gewerkschaftsaarbecht nach Legislatioun hunn dorun eppes geännert (Costa, 1998, p. 14-15), mee au contraire, d’Avance vun der moderner Technologie.

Vum 19. Joerhonnert bis zum Ufank vum 20. Joerhonnert war d’Landwirtschaft, déi de Groussdeel vun der Wirtschaft ausgemaach huet, net mat Fortschrëtt verwinnt. D’Produktioun war immens lues, a just duerch Kanneraarbecht konnt iwwerhaapt genuch produzéiert gi fir Brout op den Dësch ze bréngen. D’Erfindung vun der Dampmaschinn an de Wuesstem vu Faktorproduktivitéit huet schlussendlech d’Aarbechtszäite verréngert an déi allgemeng Liewenskonditioune verbessert.

Aarbechtsmaartreguléierunge maachen d’Liewe vun Aarbechter méi schwéier

Et gëtt Zäit dass Leit Gesetzer no hire Resultater a net no hiren Intentioune beuerteelen. Reguléierungen um Aarbechtsmarché fir déi sech Gewerkschafte wéi OGBL an LCGB reegelméisseg staark maachen hëllefen den Aarbechter net, si maachen et au contraire méi schwéier fir si eng Aarbecht ze fannen. Et geet duer sech den Heritage Foundation Economic Freedom Index unzekucke fir déi kloer Korrelatioun zwëschen enger fräier Ekonomie an Zukunftschancen ze gesinn.

Hei emol een einfachen empiresche Versuch: Wann een “OGBL fordert” googelt, kritt ee folgend Resultater:

screen-shot-2017-02-13-at-18-21-35

All eenzel Gewerkschaftsfuederung ass dofir do fir d’Ausgabe vum Staat oder vun den Employeuren ze erhéijen. Op laang Dauer ass et awer weder den Zentralstaat nach de Patron deen heifir opkënnt. Entreprisë kreéieren zu Lëtzebuerg keng Valeur well hei d’Wieder sou schéin ass, mee well d’Soziallaaschten (nach) erdrohbar sinn. Eng Verschäerfung vun eisen Aarbechtsmaartreguléierungen kann dann net nëmme Leit den Job kaschten, mee virun allem Jonke Leit keng Plaz méi beschafen.

Wien elo den Aarbechter richteg ënnert d’Äerm gräife wëll muss couragéiert Positiounen huelen, dorënner gehéiert eng grondsätzlech Reform vum Staatsdéngscht deen de Steierzueler momentan zu leed fällt, eng Reduktioun vun der Betriebssteier op 0% an eng duerchgräifend Reduktioun vun der Akommessteier.

Wien sech näischt méi soe loosse wëll soll beim Staat ufänken, net bei deenen déi all Dag dofir Suergen dass et zu Lëtzebuerg Aarbechtsplaze ginn.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s