Déi 5 sënnlost Chamber-Petitiounen

Säit d’Lëtzebuergescht Parlament déi ëffentlech Petitiounen agefouert huet, si vill Bierger onermiddlech amgaangen sech neit Ideeën fir flott Gesetzer auszedenken. Hei meng TOP 5 vun deene sënnloseste Chamber-Petitiounen.

5. Een Totalverbuet vun Alkoholreklammen

Sidd der schonn eng kéier no enger laanger Nuecht waakreg ginn an hutt iech geduecht “ech drénken ni méi!”. Den Thomas Valanki hat wahrscheinlech sou richteg gefeiert, an sech deen Dag drop dozou decidéiert dass net nëmmen hien net méi drénke soll, mee am beschten soll och soss kee gewuer ginn dass et Alkohol iwwerhaapt gëtt! Den Thomas ass ganz besonnesch motivéiert: Net nëmme wëll hie Reklammen zu Lëtzebuerg ënner Strof stellen, mee a ganz Europa! An der Petitioun kritt een och e bëssen d’Gefill dass den Här eis eppes iwwert seng Liewensgewunnechte soe wëll, sou heescht et:

“Die Öffentlichkeit kann von einem Werbestopp für Alkohol nur Positives gewinnen, denn es ist eine Zumutung an die Öffentlichkeit, jeden Tag mit dieser Werbung konfrontiert zu werden, insbesondere für trockene Alkoholiker.”

D’ass ok, mir jugéiere net.

Ënnerschreiwe kann een dës Petitioun iwwregens am Moment nach ëmmer. 30 Leit hunn sech dem Reklammeverbuet schonn ugeschloss.

4. Gratis Parkplaze fir Schüler

Frot der iech heiansdo wat esou richteg Lëtzebuergesch ass? De Feierwon, d’Cactuskaart, de Stau am Rond-Point Irgäertchen ? Sicht net méi, well et gëtt näischt méi Lëtzebuergesches wéi eng Petitioun (ech hunn och missen zweemol liesen) déi fuerdert dass Schüler ronderëm d’Schoule firnäischt solle parke kënnen. Vergiesst är Franséisch oder Däitsch Kollegen an ärem Studiegang, déi iech erzielen si kéinten sech mol de Führerschäin net leeschten, well déi Petitionnairen hei kennen di richteg Problemer: Wou stellen ech dem Pappa säin Auto gratis hin?

3. Méi niddreg TVA of Fraeprodukter

Entweder ee schlechte Witz oder ee verstoppten Hiweis dass Männer sech ze wéineg wäschen, egal wéi probéieren dës Petitionnairen d’TVA op Hygiènesprodukter erofzesetzen… awer just fir Fraen! D’Fatima Rougi, wat iwwregens och am Conseil d’administration vum Conseil familial sëtzt, schéngt et op alle Fall eescht ze mengen.

8227882239_aecccee941_k

Iwwregens: D’Ursaach fir Petitioune wéi déi do ass well Feministen der Meenung sinn dass Männerprodukter méi bëlleg si wéi Fraëprodukter (Dammeprodukter? … keng Ahnung, dir wësst wat ech mengen) well den Turbokapitalismus vum Patriarchat kontrolléiert ass, oder soueppes. Dobäi ass den eigentleche Grond firwat Fraëprodukter méi deier sinn evident: Et ass een aneren a virun allem bessere Produit. Wien vun den Dammen dat net gleeft: Probéiert eng kéier Männershampoing.

2. Keng Telé- a Radioreklammen um Feierdag

Ech kann dat wierklech och net leide wann matze während mengem Film op eemol esou eng domm Reklamm ugeet. Eng Sauerei! Mir dach egal wéi déi hire Sender bezuelen! Dat mengt opmannst de Guido Raman, deen op Feierdeeg gären eng Paus vun deem Reklammebombardement hätt. An de Guido kennt och schonn eis Kritiken u senger Idee, an äntwert ganz geschéckt dorop:

“Je sais, j’ai un bouton pour ne plus entendre ces publicités, mais alors je rate le reste du programme.”

Do huet en eis wierklech äiskal Schachmatt gesat.

1. « Nonante-neuf au lieu de quatre-vingt-dix-neuf »

Dat ass bei wäitem meng Lieblingspetitioun, besonnesch well se net nëmmen als recevabel erkläert gouf, mee och nach eng offiziell Äntwert vum Minister krut. De Petitionnaire proposéiert dass an de Lëtzebuerger Schoulen amplaz vun “quatre-ving-dix-neuf” elo, nom Belsche Modell, “nonante-neuf” gesot gëtt.

An ech géing soen dat ass bei deem ganze Petitiounschaos och déi richteg Conclusioun: Soulaang eis Awunner mat dëse Problemer beschäftegt sinn, gëtt et wierklech soss keng aner.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s