Ob d’35-Stonnen-Woch kënnt décidéiert de Marché, net d’Politik

Den Étienne Schneider schéngt et net esou genau ze wëssen, d’Gewerkschafte si par définition dofir, déi Lénk souwisou: déi faméis 35-Stonnen-Woch ass ee quasi nostalgescht Politik-Gesträits ouni Enn. D’Prémisse vun der Diskussioun geet allerdéngs scho falsch un.

Natierlech war ech frou dass d’Corinne Cahen am RTL-Interview op d’Katastroph vun der franséich Législatioun fir d’35-Stonne-Woch higewisen huet. Ier d’Memberen vun déi Lénk elo kreesch dinn dass d’ “Bourgeoisie” elo hier aal Rethorik ausgepaakt: am Frankräich huet de Le Monde (jo net wierklech dat liberalt Parteiblat am Hexagone) schon 2007 geschriwwen:

«Pour permettre à ceux qui désirent gagner plus de travailler plus, il faut résolument tourner le dos au mythe du partage du travail. […] C’est un excès d’idéologie et un manque de pragmatisme qui expliquent l’erreur des 35 heures. Espérons que le gouvernement actuel ne tombera pas dans le même piège pour les réformes qu’il compte entreprendre.»

Et ass nach eng vill besser Noriicht dass d’DP-Parteipresidentin wëlles huet méi Flexibiliséierung um Aarbechtsmarché ze proposéieren: D’Prioritéite vun de Bierger hunn (am Verglach zu de sozialistesche Wahlslogan’en) an deene leschte Joer changéiert. D’Awunner zu Lëtzebuerg wëllen a brauche wéi flexibel Aarbechtszäiten, déi hirem Liewensstil entgéint kommen.

Mee ee politesche Feeler ass een duerchgehenden, dee genau sougutt den David Wagner, wéi den Étienne Schneider wéi d’Corinne Cahen maache géifen: D’Idee dass d’Apendelen vun den Aarbechtszäiten een Zesummefloss vu gewerkschaftlechem Lobbyismus a politeschen Courage ass.

Nee, d’40-Stonnen-Woch ass net de Verdéngscht vun de Gewerkschaften, mee vum fräie Marché. Dëse Sujet ass souguer ee vun deene wéinege bei deem ee Groussdeel vun Ekonomisten sech eens sinn.

Mee wéi si mer genau op där 40-Stonnen-Woch erauskomm? Zum engem sinn a ville Länner ab den 1870’er Joren d’allgemeng Aarbechtszäiten erof gaangen (Huberman and Minns, London School of Economics, 2007, p. 542): den europäeschen Duerchschnëtt war 63 Stonnen am Joer 1870, 56,3 am Joer 1900 an 53,8 Stonnen am Joer 1913 (Huberman, 2002, p. 19). Weder Gewerkschaftsaarbecht nach Legislatioun hunn dorun eppes geännert (Costa, 1998, p. 14-15), mee au contraire, d’Avance vun der moderner Technologie.

Vum 19. Joerhonnert bis zum Ufank vum 20. Joerhonnert war d’Landwirtschaft, déi de Groussdeel vun der Wirtschaft ausgemaach huet, net mat Fortschrëtt verwinnt. D’Produktioun war immens lues, a just duerch Kanneraarbecht konnt iwwerhaapt genuch produzéiert gi fir Brout op den Dësch ze bréngen. D’Erfindung vun der Dampmaschinn an de Wuesstem vu Faktorproduktivitéit huet schlussendlech d’Aarbechtszäite verréngert an déi allgemeng Liewenskonditioune verbessert.

Dir kënnt d’Aarbechtszäit net verréngeren an iech dann “wënschen” dass d’Produktivitéit d’selwecht bleift oder souguer erop geet. Wann déi allgemeng Produktivitéit erop geet, da just duerch technologesche Fortschrëtt, fir dee weder d’Gewerkschaften nach d’Regierung ee positiven Impakt kënnen ginn.

Op d’35-Stonnen-Woch kënnt, decidéiert de fräie Marché.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

2 Responses

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s