Déi 5 haarsträubendst Zuelen aus dem Budget

Déi Leit déi vis-à-vis vu Steieren Enthusiasmus a keen Zynismus u sech hunn, si meeschtens déi déi ni ee Bléck an de Staatsbudget geheit hunn. Hei d’TOP 5 vun deenen haarsträubendsten Ausgaben déi de Staat am Joer 2017 mat äre Steiersue mécht:

5. Recherche fir Produtkiounsmethoden “am Interêt vu Ranner”: 880.000 €

vrt3z9ukfeg-christian-widell

Muuuuuh! Während d’Steierzueler mat iwwer 35% Akommessteier, 17% TVA, Zënssteier, Grondsteier asw. belaascht ginn, ass den Aakerbauministère fläisseg domat beschäftegt erauszefanne wéi een “am Interêt” vu Ranner produzéiere kann. Et géif ee jo mengen dass mat Agrarsubsiden vu bis zu 500.000€ d’Baueren selwer kapabel wieren hier Recherche ze finanzéieren. Mee nee, fir ee Präiss vun iwwer 650.000 Liter Mëllech kritt een:

Participation de l’Etat à des programmes d’études de méthodes de production dans l’intérêt des races bovine et porcine

An deene leschten zwee Joer huet de Lëtzeburger Staat fir solch Étuden iwwregens 5 Milliounen Euro ausginn.

Gudden Appetit…

4. Représentatioun vun engem Grand-Duc an der Pensioun: 242.102€

Kennt der dat wann der an d’Pensioun gitt mee dir wëllt awer nach ëmmer e bëssen eppes schaffen? Dat hei ass dat selwescht, just dass dir guer näischt schafft an dat wat dir maacht aus onerkläerleche Grënn souvill kascht wéi 2.700 Fligerticket’en op London.

Frais de représentation de Son Altesse Royale le Grand-Duc Jean

An déi richteg Famill gebuer si lount sech!

3. Eng kathoulesch Bibliothéik – 6.250€

D’Trennung vu Kierch a Staat ass nach keng Saach vun haut a vu muer, well d’Häerschafte vum Klerus de Wee an d’Nationalbibliothéik net hikréien an hir eege Bibliothéik brauchen. Besonnesch wann een sech bewosst gëtt dass de Vatikan, un deen d’kathoulesch Kierch associéiert ass, ee Kapital vun 8 Milliarden Dollar huet, ass dat besonnesch frappant.

Culte catholique: remboursement de frais d’alimentation et de reliure de la bibliothèque du séminaire

Amen, gelldir?

2. Ee Fraerot géint Reklammen – 286.754€

Ganz héich am Ranking vun de sënnloseste Conseil’en zu Lëtzebuerg ass bei wäitem de Cid-femmes: Ee Grupp vu verbatterte Feministen deene ganz vill Entreprisen een Där am Ae sinn, ofgesinn dovun dass dës Entreprisen natierlech hier Dotatiounen dierfe bezuelen. An ech soen iech, fir är Véirelsmillioun Euro kritt der och eppes gebueden: De Conseil kuckt de ganzen Dag Reklammen. Dir laacht, mee reegelméisseg ass de Cid-femmes eise grauevollen Entreprisen op der spuer, déi “sexistesch” Reklamme publizéiert, sou ewéi dës Reklamm vum Decorzenter vun 2011:

dekozenter

D’lescht Joer war et dann dunn richteg eescht ginn wéi den Hysterienrot Fraerot bei der Ethikkomissioun geklot huet well Domaines Vinsmoselle et gewot hat ee Bikini-Model anzestelle fir vir hire neie Poll Fabaire Cremant Reklamm ze maachen.

Participation financière de l’Etat aux frais des activités du Conseil National des femmes du Luxembourg

286.754€ oder och 71.000 Packungen Tampon’en kascht de Spaass, bei deem al Fraen deene jonke Fraen erklären si dierfte net Model sinn, a fir keng Entreprise Reklamm maachen. Selbstbestëmmung fir de Spottpräis.

1. Konschtwierker fir den Ausseministère – 32.000€

Well dem Jean Asselborn seng Molereie wahrscheinlech net esou gutt bei eisem Diplomatekrees ukommen, muss den Ausseministère der fir vill Sue kafe goen. Net nëmmen dass dat 32.000€ kascht, oder 10.000 Mini’en fir dat ganzt ze verdroen, de Ministère gëtt all Joer 32.000€ fir solch Konschtwierker aus.

Ambassades, représentations permanentes et consulats: acquisition d’oeuvres d’art

Wann iech elo och d’Loscht ausgaangen ass Steieren ze bezuelen, da gitt haut aktiv a setzt iech fir eng raisonnabel Fiskalitéit an.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s