Ären ëffentlechen Transport gëtt net gratis

Näischt ass gratis just well ären Noper et bezuelt huet… oder dir selwer a 5 Joer.

Stolz wéi Oskar sinn d’ACEL a Gruppe wéi den LCGJ (eng “Jugendgewerkschaft”, d’Idee ass einfach fir dass d’Leit ab engem jonken Alter schonn onerträglech sinn) dass den ëffentlechen Transport elo fir Studenten “gratis” gëtt. Fir d’ACEL geet dës Fuerderung schonn bis op Mëtt d’lescht Joer zeréck.

Hei direkt emol e puer Zuele fir sech op der Zong zergoen ze loossen: Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass am Budget 2017 ee Käschtepunkt vun  844 Milliounen Euro (dat heescht 3,5 mol de Netto-Budget vu Star Wars 7, falls dat als Referenz hëlleft), wat 6,02% vum gesamte Budget, a quasi d’Halschent vum Transport an Infrastruktur-Budget ass. Effektiv ass de Budget a senger Wuertwiel net vill besser wéi d’ACEL oder den LCBJ, andeems och bei Lycéesschüler d’ “Gratuité du transport des élèves de l’enseignement postprimaire” budgetéiert gouf, fir een Täschegeld vu nëmme 5,1 Milliounen Euro.
3215396191_bf74102bba_b

Mee et kascht jo elo näischt méi, well de Ministère decidéiert huet et “gratis” ze maachen. Ehh, pardon? Näischt ass gratis wann ären Noper et bezuelt huet, oder eben dir selwer soubal der ufänkt schaffen ze goen. Iwwregens ass et net nécessairement esou dass et iwwer d’Akommessteier vun ärem Noper oder ären Eltere bezuelt gouf, mee vun der TVA finanzéiert gouf déi dir op all Produit zu Lëtzebuerg bezuelt. Den Transport-Budget sinn 30% vun der Gesamt-Recette vun der TVA (2,75 Milliarden Euro). Déi nächste kéier wann der op ärer Akafsrechnung op déi 17% TVA kuckt déi der grad bezuelt hutt, denkt dorun dass dat äre Busticket ass.

“Gratis” war et net, well iergendeen déi Valeur déi an den Transport investéiert gouf huet missen erschaffen. An dat sitt, um Enn, héchstwahrscheinlech dir selwer. Dësen Terme “gratis” ass just do fir iech d’Illusioun ze verkafen dir hätt eppes kritt, obwuel de Staat soss näischt gemaach huet wéi iech een iwwerdeierten Transportsystem unzehänken, dee net funktionéiert.

Bonne route.


Dësen Artikel gouf den 10/01/2017 vum Lëtzebuerger Journal verëffentlecht.

Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

2 Responses

  1. Sonia Thewes

    30 Deeg Congé:
    Léiwe Bill, Well ech altersméisseg deng Mamm kéint sinn, duzen ech dech léiwer a ginn dir e puer Informatioune mat op de Wee: ech schaffen zënter 10 Joer fir eng Asbl, hu 25 Deeg Congé, keen 13. Mount, keng automatesch Gehaltserhéijungen AN keng Gewerkschaft, déi sech fir mech staark mécht. Ech hunn 51 Joer a wäert wuel bis zu menger Pensioun net méi wéi 25 Deeg Congé kréien. Du schwätz iwwregens an dengem Lieserbréif am Tageblatt vun haut des ëftere vun “25 STONNEN”, “34 STONNEN” Congé….. Ech wëll jo hoffen, datt ech net och nach vu 25 DEEG op 25 STONNEN erofgeschrauft ginn.
    Mäi Message un dech: net all Mënsch gëtt vun enger Gewerkschaft vertrueden a kritt duerfir just nëmmen dat, wat d’Gesetz virschreift. Ech kréien also just méi Congé, wann dat gesetzlech esou festgeluecht gëtt. Méi an der Pai gëtt et fir mech just, wann eng Indextranche kënnt.
    Als Asbl si mir ofhängeg vun de Sue, déi mir vun 2 Ministèrë kréien, a vu deene kënnt am Moment just den absolutte Minimum. Also wäert ech wuel weider (als Primaner, mat iwwer 30 Joer Beruffserfarung) fir de Mindestloun schaffe mussen.
    Ech hoffen, dës Informatioune vervollstännegen e wéineg deng Visioun vun den 30 Deeg Congé a vum Privatsecteur.
    MfG,
    Sonia Thewes

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s