Ee Bonjour vum neie Goebbels

Den Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek Editorialist Jean-Marie Jacoby ass op Facebook iwwer mäin Artikel Angscht virun Atomenergie gëtt eis AN der Ëmwelt eng deier hirgefall. Ech ginn dobäi net nëmmen als “liebster Blogger der Bourgeoisie in Luxemburg” mä och als “der neue Goebbels” bezeechent. Bon, komm mir doen eis deen Text emol un.

“Neuer Goebbels aufgetauchte?
BILL WIRTZ ALS ATOMPROPAGANDIST

Der liebste Blogger der Bourgeoisie in Luxemburg ist zweifelsfrei Bill Wirtz, tauchen doch gerade seine abstrusesten Beiträge regelmäßig in den Mainstream-Leserbriefspalten auf. So auch wieder am 20.10.2016 in der DP-Postille, die im Verlag des heiligen Editus erscheint, mit der Behauptung, die Angst vor der Atomernergie würde für uns und die Umwelt eine teure.”

Feierege Start Här Jacoby, all Respekt. Do ass de Lieser direkt gepaakt. Di perséinlech Attacken hätt ech jo u sech gäre méi um Schluss beäntwert, mee ech maachen déi Saach hei elo emol chronologesch.

Wann ech géing Robbert Goebbels heeschen dann hätt ech villäicht méi Succès an deene Lieserbréifspalten, zemools d’Lëtzebuerger Wort ass net ëmmer ganz iwwerzeegt vu menge Schrëftstécker. Mee bon, firwat zielen ech iech dat och. Wat de Lëtzebuerger Journal ugeet, deen dir an ärem Beitrag als “DP-Postille” duerstellt, kann ech iech just roden iech vun der Diversitéit vun där Zeitung selwer ze iwwerzeegen. De Journal huet mäin Artikel genausou wéi d’Lieserbréif-Äntwert vum Gréngen Deputéierten Henri Kox gedréckt, a weist allgemeng eng immens grouss Bandbreet un intellektueller Vilfalt.

Dat selwecht kann ee vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek net wierklech behaapten. Äert 1000-Oplag Meenungsbliedche wat der Kommunistescher Partei gehéiert, an dofir awer ee jäerleche 6-stellege Subsidebetrag vum Staat akasséiert, gëtt vu grad emol 0,5% vun de Leit zu Lëtzebuerg gelies, an huet domat net emol hallef esou vill Lieser wéi dëse Blog. Et schéngt wéi wann kee méi der Revolutioun wéilt bäitrieden. Mee genuch domat, dir wollt eppes soen.

13661779374_b6cd6869be_k

“Nun war schon vor der Geburt des sonderbaren Bloggers wissenschaftlich geklärt, daß es keinen Schwellenwert gibt, unter dem radioaktive Strahlung ungefährlich ist. Ein Gutteil der Krebsfälle ging vor den Atombombentests bereits auf die natürliche radioaktive Strahlung zurück. Seither gibt es nicht weniger, sondern mehr Krebsfälle. Das hat selbstverständlich nicht nur mit der zusätzlichen militärisch wie zivil verursachten Radioaktivität zu tun, sondern auch mit gesteigerter chemischer Umweltverschmutzung. Pestizide spielen dabei eine nicht zu vernachlässigende Rolle, vieles andere kommt hinzu, aber das kann die radioaktive Umweltverschmutzung nicht freisprechen.”

D’ass kaum onerwaart dass den Här Jacoby heifir keng Source ugëtt, well ech mech och gefrot hätt wou hien déi géif hierhuelen. Dëse Paragraph soll een am beschte vu Kanner ewech halen, well ganz genau guer näischt vun deem wat do dra steet stëmmt.

Här Jacoby, är eege Meenung ass keng Wëssenschaft. Natierlech gëtt et radioaktiv Strahlung déi komplett ongeféierlech ass. Zu engem ass d’Sonn selwer eng elektromagnéitesch Strahlung (duerch Liicht an duerch UV Strahlung), déi wann der iech dorop virbereet mat Sonnecrème oder enge Präbbeli iech kee Schued zoufüügt. Donieft hutt der elektronesch Geräter déi Infrarout benotzen, Radiowellen (zB duerch ären Handy), Mikrowellen, Niddregfrequenz-Strahlung (zB duerch Héichspannungsleitungen) an d’Strahlung där der bei enger Röntgen ausgesat sidd: All dës Saache sinn zwar entweder radioaktiv oder elektromagnéitesch Strahlung, mee an der richteger Mooss ass keng dovu schiedlech.

Der Weltgesondheetsorganisatioun WHO no sinn iwwer 30% vun all de Kriibsfäll duerch Changementer vum Liewensstil vermeidbar, notamment duerch d’Vermeide vun Tubak an exzessiven Alkohol (also w.e.g. net esou wéi de Stalin liewen) oder méi gesondem Iessen. A Länner mat niddregem Akommes sinn 20% vun de Fäll op Geschlechtskrankheeten, dorënner Hepatite B zeréckzeféieren. Kriibs huet immens vill weider Ursaachen, wouvun déi eenzeg natierlech Ursaach dem Aussetze vun Ultraviolett (UV) Strahlen zouzeschreiwen ass, dee fir vill Fäll vun Hautkriibs responsabel gemaach gëtt. Cancer Research UK no si 86% vun den Hautkriibsfäll mat der häuteger Medezin vermeidbar. Wat de “Journalist” Jacoby ee “Gutteil” nennt ass ee Brochdeel aus enger ganzer Rëtsch vu ville Grënn.

Kriebsfuerscher zufolleg huet de Wuesstem vun der Unzuel u Kriibsfäll an zwee-Drëttel vun de Fäll mat der méi laanger Liewensdauer ze dinn, de Rescht ass en relation mat der Liewensweis vun de Patienten, also nees Konsum vun Alkohol, Tubak, etc.

Net wierklech sécher wat den Här Jacoby hei mat enger “chemescher Ëmweltverschmotzung” mengt, mee falls hien op CO2 ze schwätze komme wëllt, da sinn ech ganz Ouer. Effektiv ass Loftpollutioun ee contributive Facteur vu Kriibsfäll, woufir d’Verwendung vun CO2-neutraler Atomenergie och esou wichteg ass. D’Weiderbestoe vun den däitschen Atomreakteren hätt bis 2020 300 Milliarden Tonnen Kuelestoffdioxid vermidden. Dofir ass Nuklearenergie ee wichtegen Aspekt vun eiser Energieversuergung.

“Ungelöst ist weiterhin die Lagerung des Atommülls. Wer etwas anderes behauptet, lügt ganz einfach. Und wer das Problem der abgeschirmte Lagerung über mehrere Jahrhunderttausende nicht in seine Umweltbilanz mit aufnimmt, lügt ebenfalls. Wobei bereits die Unmengen von Beton und Stahl, die für AKW nötig sind, jede Umweltbilanz des Atomstroms schlecht ausschauen lassen gegenüber Sonnen-, Wind- und Wasserenergie. Zudem gibt es von letzteren dreien so viel, daß getrost auf Atomstrom verzichtet werden kann.”

Hei kann een den Editorialist entschëllegen, well de Mythos dass et “keng Léisung fir d’Lagerung vun Atommüll gëtt” ass ee wäit verbreeten.

Radioaktiven Offall ass manner wéi 1% vun all industriellem Offall a Länner déi Atomenergie notzen. 97% dovu sinn LLW (low-level waste) an ILW (intermediate-level waste), déi risikofräi gelagert ginn. HLW (high-level waste) entsteet bei der Verbrennung vun Uran-Brennstoff a mécht 95% vun héijer radioaktiver Strahlung aus. Dës gi momentan an Interim Storage Facilities gelagert, wou hier Strahlung no 40 Joer nach een-Dausendstel vun hirer ufänglecher Radioaktivitéit ofgëtt, bis dat jeeweilegt Land genuch Quantitéit gesammelt huet fir eng professionell Endlagerung ze entwéckelen. A Länner déi den USA, Schweden, Frankräich a Finnland gëtt deep geological waste repository, also den Depot a Minnendéiwt, ganz effektiv a mat Erfolleg genotzt.  Nei, méi kleng, Reakteuren wéi d’Traveling Wave Reactors vun dem Bill Gates senger Entreprise TerraPower kënnen haut schon grouss Deeler vun radioaktivem Offall nei verwenden.

Innovatioun an enger Technologie kënnt just wann dës och benotzt gëtt. Wann mir am 20. Joerhonnert den Auto verbueden hätten, da wieren um fräie Marché keng innovativ Konzepter fir d’Technik opzebesseren entstanen, a mir geséichen haut esou aus wéi dem Här Jacoby säi Kommunismus.

“Das einzige, was Sonnen-, Wind- und Wasserenergie nicht leisten können, ist die Produktion von Plutonium für Atombomben. Ein Stillegen der AKW würde daher über kurz oder lang die Erneuerung des Atomwaffenpotentials gefährden. Denn das gilt es etwa alle 15 Jahre zu erneuern, weil mit der Zeit aus richtigen Atomsprengköpfen maximal noch „schmutzige Bomben“ werden, die zwar immer noch richtig dreckig sind, aber nicht mehr das ursprüngliche Tötungs- und Vernichtungspotetial haben.”

Hei si mer da komplett vum Sujet ofkomm, well op eemol net méi iwwer zivil mee iwwer militäresch Notzung geschwat gëtt. Hors sujet, Monsieur!

“Sollte also demnächst dieser Bill Wirtz auf irgendeiner Wahlliste aufscheinen, so ist jeder Friedens- und Umweltfreund gewarnt: diese Sektion der bürgerlichen Einheitspartei ist absolut unwählbar! Bestens aufgehoben sind Friedens- und Umweltfreunde nach der Umwandlung der Gréng zu CETA-Freihandelsverteidigern und olivgrünen Militärinterventionisten und NATO-Anhängern eindeutig nur noch bei der KPL!”

Et mierkt een dass de Schreiwer meng Artikelen ni wierklech gelies huet. Ech argumentéieren ni fir Krich oder d’Entwécklung oder d’Verwendung vun Nuklearwaffen. Ironesch ass allerdéngs dass eng Persoun déi fir eng kommunistesch Partei kandidéiert mir vun enger “Einheitspartei” erzielt.

Här Jean-Marie Jacoby,

Dir sidd genau esou wéineg informéiert wéi der iech Journalist nenne kënnt: A béide Fäll guer net. Dir hutt absolut kee Verständnis fir Wëssenschaft oder vir gesonde Mënscheverstand. Dir sidd ee Vertrieder vun enger Ideologie déi virun iwwer 25 Joer faillite gemaach huet an déi eis haut fir de Schanfleck vun enger Zeitung fir déi dir schreift och nach Geld kascht. Jiddereen kann op är oninforméiert Beiträg, op dat elo déi sinn zur Atomenergie oder déi an deenen dir Apologie vun tyranneschen Dikatoren wéi dem Fidel Castro maacht, verzichten.

Wann der déi nächste kéier mengt dir misst ee vu mengem Artikel kommentéieren, schlot emol virdrun ee Buch op.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s