Egal wéieng Problemer et bei der Sanéierung vu Staatsfinanze gëtt, d’Betribsbesteierung ass ëmmer eng reegelméisseg Diskussioun. Egal vu wéienger Säit, souguer vun där déi mengt dass se méi niddreg misst sinn, d’Täuschung vun der reeller Natur vun dëser Steier gëtt ëmmer vergiess: Betriber bezuelen ni Steieren.
Betriber bezuelen ni Steiere well si keng Steiere bezuele kënnen. D’Bureausgebei, d’Material, de Plafong, d’Betribsgefierer, all dës Géigestänn kënne keng Steiere bezuelen. Et gëtt effektiv just dräi Acteuren an enger Entreprise déi Steiere bezuele kënnen: Clienteën, Salariéeën an d’Besëtzer vun der Entreprise.
Just well de Staat oder d’Gemengen et ënnerschiddlech nennen, sou mécht dat de Contribuabel keen aneren. Eng Tax op Rideauë géif net vum Rideau mee vum Besëtzer vum Rideau bezuelt ginn. Recherche am Beräich Steieren op Entreprisen huet gewisen dass ronn 57% vun der Betribssteier vun de Salariéeë bezuelt gëtt, de Rescht dovu gëtt op de Präis an deemno op d’Clientèle ofgewältzt. Hinzou kënnt dass déi staatlech Administratioun déi gebraucht gëtt fir déi verschiddentlech Steieren ze verwalten immens vill Geld kascht, wat och vum Contribuabel gedroe gëtt.
Steieren op Entreprisen si Steieren op d’Haushalter, och wann hire Numm et anescht klenge léisst. Lëtzebuerg kann een Zeeche setzen andeems mir d’Betribsbesteierung op deen eenzegen Taux setzen deen an deem Kontext Sënn mécht: 0%.
Dësen Artikel gouf de 07/07/2016 am Lëtzebuerger Journal verëffentlecht.
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!

[…] eng grondsätzlech Reform vum Staatsdéngscht deen de Steierzueler momentan zu leed fällt, eng Reduktioun vun der Betriebssteier op 0% an eng duerchgräifend Reduktioun vun der […]