Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass den 13. Februar ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
[Radio USO]: D’Lescht Woch huet d’Europäescht Parlament décidéiert fir hire polnesche Vize-Präsident Ryszard Czarnecki vu sengem Amt ze entloossen, well en enger Députéiert uerg verbal attackéiert hat. De Bill Wirtz huet sech mam Frank Engel iwwer d’Implikatiounen ënnerhalen.
Säit enger Rei Méint droe polnesch Memberen hiren interne politesche Sträit am Europaparlament aus. An der Hëtzt vum politeschen Débat hat de Vize-Präsident Czarnecki eng polnesch Europaparlamentarierin aus dem Grupp vun der Europäescher Vollekspartei als “szmalcownik” vernannt. Esou ee Begrëff ze verwenden wier komplett onzoulässeg, seet de Lëtzebuerger Europaparlamentarier Frank Engel.
De Ryszard Czarnecki hätt genuch Méiglechkeete gehat fir sech fir seng Ausso ze entschëllegen, mee hätt méi wéi eng kéier confirméiert dass hie bei senger Ausso bleift. Déi polnesch Konservativ hunn dem Parlament virgeworf dass hei eng Remarque jugéiert gi wir, déi net am Parlament selwer gemaach gouf, an dass dowéinst den Ryszard Czarnecki dofir Immunitéit hätt. Dat gesäit de Frank Engel anescht:
Dass d’polnesch Regierungspartei sech géif als Victime gesinn wier eng klassesch Taktik.
Dëss Strategie giff a Polen dozou féieren dass d’Bevëlkerung just méi Support fir eng Regierung weist, déi d’onofhängeg Justiz a Fro stellt. Och wann der Europäesch Unioun hier Mëttelen begrenzt wieren, wier der Kommissioun hir Décisioun fir d’Prozeduren fir Sanktiounen géint Polen anzeleeden déi richteg, seet de Frank Engel. Et wier net méi akzeptabel dass elementar rechtstaatlech Prinzipien mam Fouss getrëppelt géife ginn.