Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 18. November iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
An der Europäescher Unioun gëtt sech op politescher Säit erwaart, dass mat engem Joe Biden als US-President besser Handelsrelatioune méiglech sinn. Op dat allerdéngs zu engem Handelsaccord féiert, ass nach net kloer
Et wier falsch, ze soen, dass d’Handelsrelatiounen tëscht Europa an den USA an deene leschte véier Joer gutt waren. D’EU an d’USA liwwere sech een Handelskrich, andeem all puer Méint nei Taxen op Produkter agefouert ginn. Zu Bréissel gëtt sech erwaart, dass den Joe Biden als President dat vermeide wäert. Dat heescht awer net, dass Europa automatesch engem Accord zoustëmmt, seet déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz. Fir si mussen Accorden zum Beispill mam Paräisser Klimaaccord vereenbar sinn. Den Joe Biden huet jo annoncéiert, dass d’USA ënnert senger Presidence deem Accord nees bäitriede wäerten.
Déi Gréng Politikerin seet, dass et net drëms géing, ob een Accord méiglech wier, mee wéi eng Zort Accord mir iwwerhaapt wéilten. Si géif sech perséinlech froe wéi néideg nei Handelsaccorden iwwerhaapt wieren a wéi eng Konsequenzen dat op Europäesch Bauerebetriber huet.
Ënnert der Obama-Presidence tëscht 2008 an 2016 war den Handelsaccord TTIP tëscht Europa an den USA negociéiert ginn, ma innerhalb vun der EU war den Traité esou kontrovers, dass en op Äis geluecht gouf.
Den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen seet, dass ee Restart vun deene Verhandlungen net warscheinlech ass. Den TTIP wier dout an et géif een elo och warscheinlech keen TTIP 2 gesi kommen. Am Géigendeel géif eng Negociatiounsbasis vun 2018 ënnert der Juncker-Kommissioun ginn, duerch déi industriell Gidder méi einfach kéinte gehandelt ginn. Dat hänkt elo allerdéngs och nees un de Prioritéite vum Joe Biden.
Am Verglach zum Tilly Metz gesäit de Christophe Hansen ee reegelbaséierten Handel als Léisung vu seriöe Problemer an net ëmgedréint. Et misst ee mat den Amerikaner zesummeschaffen, fir déi international Handelsgremien, dorënner d’Welthandelsorganisatioun WTO, nees un d’goen ze kréien.
Et wier och wichteg ze gesi wat Groussbritannien mécht. Falls Westminster een Accord mat den USA ofschléisst, da misst Europa nozéien, fir kee kompetitiven Desavantage ze kréien, esou nach de Christophe Hansen.