Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 19. Abrëll iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
An der gëtt méi a méi drop opmierksam gemaach, dass Europa ofhängeg ass vun Drëttlänner, wann et em Medikamenter geet.
Elo, wou de Floss vu Wuere méi lues ginn ass oder souguer ënnerbrach ass, stellt sech d’Fro, ob d’EU d’Produktioun vu Medikamenter soll koordinéieren.
D’Dependance vun Europa bei de Medikamenter ass reell, seet de Lëtzebuerger Europadeputéierte Christophe Hansen. Zum Beispill géifen 80-90% vun den Antibioticken aus Indien oder China kommen.
D’EU-Agence fir Medezin EMA huet zënter 2016 eng Task Force, déi d’Membersstaaten iwwer Problemer beim Procurement vu Medikamenter opkläert, an an der EU koordinéiere wëll, dass déi richteg Medikamenter do ukommen, wou se gebraucht ginn.
Fir de Christophe Hansen muss d’Europäesch Kommissioun iwwerdeems awer och Stocke vu Medikamenter opbauen, besonnesch fir Krisen wéi dës.
Fir den CSV-Politiker huet de Staat seng Roll ze spillen wann et drëms geet, d’europäesch Produktioun eropzesetzen. D’Produktioun kéint een net duerch Changementer an der Steier- oder Aarbechtsmaartpolitik kréien, mee duerch méi Investitioun an d’Fuerschung. Et misst een och kucken, dass d’Zouliwwerungskette méi kuerz géifen, fir de Floss vu Medikamenter, déi Patiente brauchen oprecht ze erhalen.