[Reportage] Den Export soll fir kleng Entreprisë méi einfach ginn

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass de 24. November iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag kann een hei fannen.

Den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen huet sech zu Bréissel fir eng administrativ Vereinfachung beim internationalen Handel agesat.

Déi sougenannte “Rules of Origin” haten et klengen a mëttelstännege Betriber ze schwéier gemaach, fir ze exportéieren.

Dës “Rules of Origin” hu verschidde Klassifikatiounen, déi determinéieren vu wou ee Produkt hierkënnt. Sou kann zum Beispill ee Kéis komplett zu Lëtzebuerg gemaach gi sinn, mä e Stull villäicht och mat Holz aus Däitschland. Wie wou dierf “Made in Luxembourg” oder “Made in the European Union” drop schreiwen, dat ass vun Exportland zu Exportland anescht.

De Lëtzebuerger Europadeputéierte Christophe Hansen, Member vun der Kommissioun fir internationalen Handel vum Europaparlament, erkläert datt d’Systemer déi kontrolléiere wou d’Origine wier dacks immens bürokratesch sinn. Fir grouss Entreprisë kee Problem, fir kleng a mëttelstänneg Betriber awer een administratiivt Monster. Den CSV-Politiker huet mat enger Rëtsch vu senge parlamentaresche Kolleegen e Bréif un d’Europäesch Kommissioun geschriwwen, fir ze probéieren, de Problem ze behiewen. Mat Erfolleg.

An engem Bréif dës Woch huet d’Kommissioun effektiv bestätegt, datt eng Datebank kreéiert soll ginn, déi “Access2Market” heesche soll. Déi kann da vun Entreprisë benotzt ginn, fir eraus ze fannen, wéi se mat hire Produkter sollen ëmgoen, fir datt se kënnen an d’net-EU-Ausland exportéieren.

Fir de Christophe Hansen muss awer nach vill geschéien, fir am Beräich Handel e level-playing field ze schafen.

An Zukunft misst och China méi streng kontrolléiert ginn. No engem Handelstraité mam Vietnam kann et e Risiko sinn, datt chinesesch Entreprisen am Vietnam just de Logo droppechen, an esou EU-Handelsreegelen ëmginn.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s