[Reportage] Westjordanland: Hannengrënn vum BDS Boycott-Mouvement géint Israel

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass den 3. November iwwerdroe ginn.

Am Mee huet den Däitsche Bundestag fir eng Resolutioun gestëmmt deen den BDS Boycott-Mouvement géint Israel als “anti-semitesch” beschreift. Dat sinn politesch Déklaratiounen iwwer déi an Europa oft gestridde gëtt.

BDS steet fir « boycott, désinvestissement et sanctions » an ass een internationalen Effort fir israelesch Produkter ze boycottéieren, fir géint déi israelesch Politik firzegoen. De Yigal Dilmoni, CEO vum Yesha Council am Westjordanland, seet dass d’Motivatioune vun dësen Aktivisten diskriminéierend sinn. 

Ech mengem dass d’Motivatioun vu Verschiddenen vun Anti-Semitismus kënnt. Si hu keng Judden oder Israelië gär. Ech kenne Leit déi am BDS-Mouvement organiséieren, net nëmme géint Judden am Westjordanland, mee géint ganz Israel.

De Yehuda Cohen ass de CEO vu Lipski, eng Entreprise déi Plastikprodukter produzéiert an exportéiert. An der Lagerhaal fënnt een alles vun Toilettendeckel bis Akafskierf. 

Ech hunn 100 Leit déi fir mech schaffen, dovun sinn 70 Palestinenser, an 30 Israeli. Hei fannt dir Palestinenser an Israeli déi einfach Aarbechtsplazen, wéi och déi déi Management Plazen hunn. Mir schaffe nom israelesche Recht, dat heescht déi Basissalaire ass fir jiddereen dee selweschten.

Déi déi fir ee Boycott géingen argumentéieren géifen Israel selwer net schueden.

Natierlech huet et een Afloss op meng Entreprise, et kann mäi Geschäft souguer an de Ruin dreiwen. Mee et schued Israel net, well Israel mech net brauch. D’Resultat ass par conter dass den Aarbechter déi fir mech schafft dorënner leid.

Ee vun dem Yehuda Cohen sengen Aarbechter, de Allam Arram, ass Palestinenser a schafft zënter 13 Joer an enger Manangerpositioun bei Lipski. Hie schwätzt just Arabesch an e bëssen Hebräesch, mee eis Iwwersetzerin erkläert dass hie vum BDS-Mouvement näischt hällt, well et senger eegener Aarbechtsplaz kéint schueden.

Insgesamt schaffen iwwer 50.000 Palestinenser op israeleschem Territoire, oder Territoire, dee vun Israel kontrolléiert gëtt.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a comment