Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 19. Abrëll ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
[Radio USO]: D’Europäesch Unioun schafft un enger Reform vun de Reegelen ronderem Bio-Produkter. De Projet betrëfft europäesch Produkter genausou wéi och Importer. De Bill Wirtz mat enger Korrespondenz vu Bréissel.
D’Europäesch Unioun huet mat 30,7 Milliarden Euro Verkeef dee zweetgréisste Marché fir Bio-Produit’en op der Welt, no den USA déi 38 Milliarden am Verkaf maachen. Zwëschen 2012 an 2016 ass de Verkaf ëm 47% an d’Luucht gang, an Bio-Ubau ass ëm 18% geklommen. Ëmfroe no sinn 72% vun EU-Bierger der Meenung dass Bio-Produkter eng besser Qualitéit hunn.
D’EU wëll um Sujet Bio elo méi kloer Reegelen aféieren. Fir de Lëtzebuerger Europaparlamentarier Claude Turmes ass d’Bio-Landwirtschaft déi déi am meeschte kontrolléiert wier. Et géif alles gemaach ginn dass wa Bio drop steet, och Bio dra wier. De Gréngen Europadeputéierte seet awer och:
Europäesch Biowënzer oder Biogärtner misste virun enger “Concurrence deloyale” geschützt ginn. De Virworf dass hei europäesch Baueren géife vu friemer Konkurrenz geschützt ginn, deemno Protektionnismus, ass fir de Claude Turmes keen Argument.
Déi nei Bioreglementatioun hätt och eng Rei Virdeeler fir d’Baueren. Dorënner fällt zum Beispill dass Biobaueren entschiedegt kënne ginn, wann si vu Pestiziden vun engem Nopeschbauer betraff wieren, deen op konventionell Art a Weis mat Pestizide schafft, an dass ënnerteneen Geseems tauschen dierfen, ouni mussen iwwert de Grousshandel ze fueren.
Déi nei Richtlinn wäert den 1. Januar 2021 dann offiziell a Kraaft trieden.