Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass den 20. Mäerz ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
[Radio USO]: D’Europäescht Parlament well de System vun der Eurovignette endgülteg ofschafen, an de Wee fräi maachen fir uniformiséiert Conditiounen fir d’Maut op europäeschen Autobunnen. De Bill Wirtz mat enger Korrespondenz vu Bréissel.
D’Propose fir déi nei Direktiv am Beräich vun der Vignette-Systemer, esou wéi d’Europäesch Kommissioun se proposéiert huet, gëtt am Europäesche Parlament gutt empfaangen. De Lëtzebuerger Europaparlamentarier, a Member vum Transportcomité, Georges Bach, fënnt de Virstouss och gutt.
Konkret heescht dat net dass een eng PKW-Maut op der Autobunn aféiere muss, mee dass wann een et mëscht, de System an der ganzer Europäescher Unioun dee selweschte soll sinn. Dee Moment misst een dann och no neie Critèren bewäerten, andeems déi gefuere Kilometeren an CO2-Emissioune agerechent géife ginn.
Och wann d’Europäescht Parlament virraussiichtlech an Amendementer nach méi ambitiéis wéilt sinn, ass et awer gutt méiglech dass dës Uniformiséierung un der Oppositioun vun Däitschland, a je nodeem och Frankräich scheitere kéint.
Wat d’LKW-Maut ugeet, ass Lëtzebuerg ee vun deene wéinege Länner wat d’Eurovignette nach huet. Fir de Georges Bach géif déi Lëtzebuerger Regierung op dësem Dossier träntelen.
Besonnesch vun enger Regierung déi “gréng” a nohalteg wéilt agéieren, géif hie sech méi erwaarden, sou de Georges Bach. Europa wier ee grouse Pollueur, an dofir misste virun allem d’Membersstaate méi éiergäizeg sinn.
D’Ambitioun vum Parlament wier et op alle Fall hier Positioun um Dossier Maut, nach virum Summer ze festegen.