Bis haut 12 Auer kann een op www.rtl.lu fir de Lëtzebuerger vum Joer wielen. De fréieren DP-Generalsekretär Marc Ruppert gouf nominéiert, a verdéngt et ze gewannen ! De Link ass hei: http://www.rtl.lu/aktiounen/letzebuerger2017/voting_m17/
Ee grondleeënde Wäert vun Demokratie ass et Differenzen ze verschaffen an ze verdauen : Konstruktiv Léisunge kënne just gemaach ginn wann all Säite mat decidéiert hunn an sech och doran erëmfanne kënnen. D’Souveränitéit vun engem Land kann dräi Formen hunn : si ass traditionell (doduerch dass zB ee Monarch de Pouvoir huet), si ass “populär” (zB doduerch dass den Elengherrschenden immens populär ass), oder si ass “rationell” (doduerch dass Decisiounen demokratesch gefält goufen an dofir eng wieltechnesch Legitimitéit entstanen ass). Zu Lëtzebuerg funktionéiert awer net nëmmen eise Staat no dësem Prinzip, mee och eis Parteien, deenen hier Wichtegkeet souguer an der Verfassung festgeschriwwen ass. Wa Parteien sech selwer net un demokratesch Wäertvirstellungen halen, dann ass et onwahrscheinlech ass d’Vertrieder vun dëser Partei et och am Staat selwer maachen.
D’Demokratesch Partei deet sech op hirer Säit schwéier mat Participatioun an hiren eegene Strukturen. D’DP praktizéiert zouen Dieren, a politesch Positiounen déi an den Hannerzëmmere gefält ginn, a da just als fäerdege Pak der Basis presentéiert ginn.
2014 hunn ech dowéinst selwer, am Numm vun de Jonken Demokraten, um DP-Nationalkongress zu Sandweiler eng Motioun deposéiert déi sech domat beschäftegt :
Mee och hei gëtt eng Motioun net gewielt. Et gëtt geklappt a gesot d’Ried wier ganz flott gewiescht. En fin de compte ass de Nationalkongress just eng Renconter vun de Parteimemberen, net eng basisdemokratesch Plattform.
De Marc Ruppert ass politesch net op där Linn déi ech vertrieden, an op ville Sujet’en ee Vertrieder vum politesche Pragmatismus. Wou hien awer konsequent war, ass de Prinzip vun der Basisdemokratie an enger Partei déi d’Membere mat abënnt. Dass een do bei enger Parteispëtzt uneckt déi ofgekoppelt vun liberalen Wäertprinziper ass, an déi méi un hir Regierungsbedeelegung denkt, schéngt evident. De Marc Ruppert ass wéinst senge Positioun, op gutt Lëtzebuergesch « gaange ginn ».
De Marc Ruppert verdéngt de « Lëtzebuerger vum Joer » well de Sujet vun demokratescher Participatioun méi Opmierksamkeet brauch.
Hei nach eng kéier de Link fir ofzestëmmen : http://www.rtl.lu/aktiounen/letzebuerger2017/voting_m17/