Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 8. Dezember ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
[Radio USO]: Haut de moien huet den EU-Komissiounspräsident Jean-Claude Juncker vun engem gudde Kompromëss an de Brexit-Négotiatioune geschwat. De Bill Wirtz kuckt sech d’Reaktiounen un:
“Wéi an all Négocitatioun hu béid Säite sech misse nolauschteren, hir Positiounen ajustéieren an eng Bereedschaft weisen fir Kompromësser anzegoen.” Dat sot den EU-Komissiounspräsident Jean-Claude Juncker op enger Pressekonferenz mat der britescher Premierministesch Theresa May haut de moien.
Fir D’Kommissioun wieren op de Kärsujet’en: D’Rechter vun EU-Bierger, de Montant vun den ausstoende Paiementer an an der Fro vun der nordirescher Grenz akzeptabel Kompromësser fonnt ginn. Och d’Theresa May schéngt erliichtert: No de politischen Turbulenzen vun dëser Woch war et net kloer op virum der Réunion vum Europäesche Counseil d’nächst Woch Léisungen géife fonnt ginn.
Doheem allerdéngs sinn d’Brexit-Supporteuren net all iwwerzeegt. De bekannten EU-Géigner Nigel Farage schreift am Telegraph dass d’Rechnung déi déi britesch Regierung géif bezuelen ze héich wier a seet: “Dat ass net dat woufir mir gewielt hunn”. Den euroskepteschen Daily Mail schreift haut, dass d’Theresa May sech op d’Reaktiounen an hirer eegener Partei misst gefaasst maachen. Trotzdem sinn EU-Kritiker innerhalb vun hirer Regierung, dorënner den Ëmweltminister Michael Gove an den Ausseminister Boris Johnson, gefaasst, a félcicitéieren dem Theresa May fir hieren Erfollëg.
Eng sarkastesch Äntwert koum vun der schottescher Ministesch Nicola Sturgeon, déi op Twitter schreift: “Wann déi britesch Regierung seet si géif eng Grenz zwëschen Groußbritannien an der Republik Irland verhënnere, kann se eis ni méi erzielen dass eng schottesch Onofhängegkeet zu enger Grenz zwëschen England a Schottland féiere géing.”
D’Reaktiounen zu Bréissel si méi positiv. De Präsident vum Europäesche Parlament Antonio Tajani seet sech “optimistesch” an versprecht dass d’Parlament d’nächst Woch hier Resolutioun zum Sujet wäert schreiwen.
De Präsident vum Europäesche Conseil Donald Tusk huet selwer seng Fuederungen un déi zweet Phase vun de Négocitatioune annoncéiert, a seet, als Referenz op eng klassesch Bezéiung: “Schluss maachen ass schwéier. Mee Schluss maachen an dann eng nei Bezéieung opbauen ass nach vill méi schwéier.”
[Radio OFSO]: Gemëscht sinn d’Reaktiounen op d’Pressekonferenz mam Jean-Claude Juncker an dem Theresa May. De Bill Wirtz huet sech d’Reaktioun a Großbritannien an zu Bréissel ugekuckt.
Foto Source: Bloomberg YouTube.
Thanks for liking and sharing!