Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 21. Juli iwwerdroen.
No engem vun deene längste Réunioun am Europäesche Conseil hunn d’Staats- a Regierungschefen ee Kompromëss fir den EU-Budget an den Hëllefspak fonnt. Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert soe sech all awer gréisstendeels enttäuscht vum Resultat.
Et ass net iwwerraschend dass d’Lëtzebuerger Europadeputéiert zu Bréissel wéineg Freed mam genannte Kompromëss hunn. D’Europaparlament freet no méi Moyen’en fir d’Europäesch Unioun, an dass Länner wéi Ungarn oder Polen fir Verstéiss bei der Rechtsstaatlechkeet finanziell gestroft ginn.