Dëse Feature ass Deel vun enger Serie iwwer d’Europawahlen déi ech fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert hunn. De Beitrag ass de 9. Mee iwwerdroe ginn. De Link ass hei.
D’Campagne vun de Parteien fir d’Europawalen den 26. Mee ass offiziell am Gaang – an dat begleede mir natierlech op allen Medien vun RTL. A kuerzen Reportagen bereeden mer eis op d’EU-Wahlen fir a beliichten de Fonctionnement vun der EU.
D’Europäesch Kommissioun gëtt no den Europawahlen zesummegesat. Den Europäesche Conseil proposéiert ee Kandidat fir de Presidenteposten vun der Kommissioun, deen dann vum Europaparlament confirméiert muss ginn. Wann d’Parlament Nee seet, huet de Conseil ee Mount fir ee neie Kandidat ze fannen. Zënter 2014 funktionéiert de System nom « Spëtzekandidaten » Modell : all europäesch Parteifamill nominéieren ee Spëtzekandidat, an déi Partei déi déi meeschte Sëtz am Europaparlament kritt stell de Kommissiounspresident. Dëse System gëtt allerdéngs reegelméisseg vun verschiddene Memberstaate kontestéiert.
De Kommissiounspresident kritt dann vun all Memberstaat ee Kommissär proposéiert (ausser vun deenen zwee déi schonn de President an den Héije Representant fir d’Aussepolitik stellen), an deelt hinnen ee Portfolio zou. Um Schluss brauch déi ganz Kommissioun dann nach den Accord vum Europaparlament.
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!